125 Joer Harmonie Äischen
News > 125 Joer Harmonie Äischen
Organisatiounscomité
Präsident : Weyland Robert
Sekretär : Schleck Steve
Kessier : Fis Arnaud
Member : Goncalves Manuel
Member : Haupt Jill
Member : Junker Jessy
Member : Konen Conny
Member : Nothum-Klein Peggy
Member : Regenwetter Roy
Member : Rommes Luc
Member : Schmitz Pia
Member : Schlim Marc
Member : Wagner Arlette
Member : Weis Eric
Member : Zigrand Nello
News
D'Buch fir 125 Joer Harmonie Äischen ass a Beaarbechtung
Dir Dammen, Dir Hären,
D'Harmonie Äischen, gegrënnt am September 1898, feiert am Joer 2023 hiren 125. Gebuertsdag.
Fir dëse Jubiläum ze feieren huet den Organisatiounscomité, zousätzlech zu deene normalen
Aktivitéite vun der Gesellschaft, e Programm mat verschiddene kulturelle Manifestatiounen
zesummegestallt. Zu dëser Geleeënheeet gëtt och an engem Buch ee Reckbléck iwwert déi
lescht 25 Joer (1998-2023) vun der Jubilargesellschaft an der Uertschaft Äischen gemaach.
Den Organisatiounscomité wier lech dankbar, wann Dir lech dësem Jubiläum géift uschléissen, an
eis fir d'Realisatioun vun de Manifestatiounen a vum Buch 125 Joer Äischener Musek gengt
finanziell ënnerstëtzen.
-Comité de Patronage: 50 € oder méi:
-Comité d'Honneur: 25 € oder méi:
-Membre Donateur: bis 25 €
-Patronage vun enger oder méi Säiten vun eisem Buch zum Präis vun 75 € pro Säit
(De Numm vun dem generéise Sponsor steet dann ënnen op der patronéierter Säit.)
Dir kënnt dee vun lech gewielte Betrag op de Kont
BCEE LU66 0019 2600 0999 5000 vun der Harmonie Äischen
iwwerweisen mam Vermierk "125 Joer Äischener Musek"
All Don vu 50 € a méi gëet Recht op e gratis Exemplar vun dësem Buch wat no de Feierlechkeeten eraus kennt ..
Merci am Viraus fir Är Präsenz bei deene verschiddene Manifestatiounen organiséiert am Kader
vun dësem Jubiläum a fir Är finanziell Ënnerstëtzung, déi eis et erlaabt, dëse Gebuertsdag op
eng wierdeg Manéier ze feieren.
Den Organisatiounscomité an d'Harmonie Äischen